Jess Glynne @ Atelier"Meng éischt CD war vun de Spice Girls"

Viru sengem Concert am Atelier huet d'Jess Glynne eis ënner anerem verroden, wat hatt ëmmer op Tour mat dobäi huet a wéi hatt sech hei fit hält.

Leschten Update: 20.03.2019, 11:57:17

© Eldoradio

Di britesch Sängerin Jess Glynne hat bis elo 7 Nummer-1-Hits an de UK Charts. Fir de Song "Rather Be" zesumme mat Clean Bandit, gouf d'Musekerin mat engem Grammy Award ausgezeechent.

Mat all sengen Hits a mat sengem 2. Album “Always In Between” ass d'Sängerin elo op Europatour, a  trëtt dësen Dënschdeg live am Atelier op.

Am Virfeld huet d'Jess Glynne Eldoradio am Schnellcheck verroden, wat hatt ëmmer op Tour mat dobäi huet a wou hatt fir d'éischt live gespillt huet.


Lauschtert hei de Schellcheck mam Jess Glynne


Lauschtert hei den Interview mam Jess Glynne


© Eldoradio