Concerten am Abrëll zu LëtzebuergAlle Farben, Passenger, Jessie J

Een däitschen DJ, e britesche Songwriter- an och e puer Lëtzebuerger Newcomerbands trieden dëse Mount live zu Lëtzebuerg op.

Leschten Update: 01.04.2019, 10:13:03

© Robyn Beck / AFP



Den däitschen DJ Alle Farben alles anescht wéi en Newcomer. Mat Hits wéi "She Moves", "Please Tell Rosie" an "Fading" huet hien an de leschte Joeren iwwerzeegt. Elo kënnt fir eng Clubnight op Lëtzebuerg - Samschdes den 13. Abrëll an den Atelier.


De Mike Rosenberg alias Passenger gouf viru 6 Joer mat sengem Hit “Let her go” a ganz Europa bekannt. Zu Lëtzebuerg huet hien och schonn e puer mol live iwwerzeegt, an och säi Concert den 20. Abrëll am Atelier ass scho sold out

D’Jessie J ass bekannt fir extrem melodiéisen an danzbaren Popsound – mat Hits wéi „Masterpiece“ an „Domino“ war hatt an den Charts. Mat sengem 4. Album kënnt hatt eng éischte Kéier live op Lëtzebuerg – fir een ausverkaafte Concert Sonndes den 21. Abrëll an den Atelier.

Di jonk Lëtzebuerger  Songwriterin Ema huet zejoert den Screaming Fields Song Contest gewonnen. Am Floor vun der Rockhal presentéiert hatt Mëttwochs den 24. Abrëll seng éischt Single „City Ties“.

Freides de 26. Abrëll huet di Lëtzebuerger Newcomerband Cheak! an dëser Location Release Party. A Form vun enger éischter EP presentéieren di 4 Museker eng Soirée mat danzbarem Indiepop.