Khalid06.10.2019 @ Rockhal Box

De Khalid kënnt fir eng éischt Show op Lëtzebuerg- Sonndes de 6. Oktober an d'Rockhal Box. Special Guests sinn Mabel an Raye.

Leschten Update: 10.04.2019, 08:18:30


Deen 21 Joer ale Museker gëllt als grouss Talent. Hien mécht eréischt zanter 4 Joer Musek an huet scho mam Calvin Harris a Lorde zesumme geschafft.

Enn 2016 huet seng Debütsingle “Location” et  direkt op Plaz 2 vun den  US-Charts gepackt, zanterhier ass hien aus den internationalen Rankings net méi ewech ze denken.

Nummer-1-Hits wéi “Young Dumb & Broke”, “Eastside” mam Benny Blanco an Halsey, an “Silence” mam Marshmello konnt hien schonn erreechen, seng éischt eegen LP “American Teen” huet et an den USA och op d'Spëtzepositioun gepackt.

Mat sengem 2. Album "Free Spirit" a mat der Leadsingle "Talk" geet de Khalid dësen Hierscht op grouss Europatournée. Den US-amerikanesche Sänger a Songwriter aus Texas kënnt an deem Kader och live op Lëtzebuerg- fir e Concert de 6. Oktober an d'Rockhal Box. 

Als Special Guests huet hien di zwou R'n'B-Sängerinne Mabel an Raye mat dobäi.

De Virverkaf fänkt dëse Freideg, 12. Abrëll um 10h un, um Site vun der Rockhal rockhal.lu/

Affiche