Dean Lewis 20.06.2019 @ den Atelier

Den australesche Singer-Songwriter kënnt haut live an den Atelier.

Leschten Update: 20.06.2019, 05:35:02

© atelier

A senger australescher Heemecht ass den Dean Lewis längst ee grousse Star. An och an Europa huet hie sech an de leschte Méint mat sengen Hitsingles "Be Alright" an "7 Minutes" en Numm gemaach.

Am Fréijoer geet den talentéierte Singer-Songwriter mat sengem Album "A Place We Knew" op seng éischt grouss Europatournée. An deem Kader kënnt hien och live op Lëtzebuerg - fir e Concert donneschdes den 20. Juni am Atelier.

Tickete fir de Concert vum Dean Lewis kritt een nach online!

D'Diere ginn um 19h00 op - Als Virband spillt de lëtzebuergesche Museker Chaild!

Links