Concerten am Mee zu LëtzebuergMumford & Sons, Alvaro Soler, Die Ärzte

Rockmusek vu Mumford & Sons, die Ärzte a Walking on Cars, awer och méi e poppege Sound vun Anne-Marie, Jain an Alvaro Soler erwaart eis dëse Mount.

Leschten Update: 02.05.2019, 14:49:33

Alvaro Soler© Den Atelier

En Donneschdeg den 2. Mee kommen Walking on Cars live an den Atelier.

Mumford & Sons kommen am Kader vun hirer Delta Tour zréck op Lëtzebuerg . Op enger ganz spezieller Bühn mattsen am Raum kënnt dir si e Mëttwoch live an der Rockhal gesinn.

Di britesch Sängerin Anne-Marie  gouf mat Hits wéi „2002“ an „Friends“ bekannt. Mat sengem Debütalbum huet hatt et an d’Top 5 vun de UK Charts gepackt an ass elo domat Tour. Donneschdeg den 9. Mee mécht hatt Statioun an der Luxexpo TheBox.

De Latin-Pop Star Alvaro Soler kënnt Dënschdes de 14. Mee eng éischte Kéier live op Lëtzebuerg. De 14. Mee presentéiert hien am Atelier säin Debütalbum a seng Hitsingle „El Mismo sol“.

2 Deeg méi spéit kënnt de di franséisch Sängerin Jain zu Lëtzebuerg gesinn. Mat sengem Hit „Alright“ kënnt hatt live an d‘Rockhal

No sengem exzellente Live Optrëtt 2018 an de Rotonden kënnt den Tom Walker dëst Joer zréck op Lëtzebuerg- fir e Concert Mëttwochs den 15. Mee an den Atelier.

Zënter 1982 bestëmmen Die Ärzte di däitsch Musekslandschaft. Hir Concerte si berühmt-berüchtegt, an d’Miles & More Tour féiert si dëst Joer op Lëtzebuerg - Samschdes de 25. Mee an den Atelier: de Concert ass sold out.

Schonn ausverkaaf ass och de Concert vum Aya Nakamura De 29. Mee kënnt di franséisch Sängerin live an d’Rockhal.