SYML live am Eldo-Studio"Op de Concerten däerf de Publikum mir Froe stellen"

D'Musek ass zwar zimlech melancholesch a seriö, mee de Museker ass awer ee ganz witzeg an humovolle Mënsch.

29.04.2019, 13:58:56

© Kany Touré

De Brian Fennell Syml alias SYML huet sech an de leschte Wochen en Numm gemaach mat senger Hitsingle „Clean Eyes“. Dëse Sonndeg war den amerikanesche Museker eng éischte Kéier live zu Lëtzebuerg- kuerz virum Release vu sengem Debütalbum „SYML“ den 3. Mee.

Firwat huet de Syml decidéiert, no e puer EP’en elo e ganzen Album eraus ze bréngen?

Den Album ass zwar musikalesch ganz ënnerschiddlech, huet awer textlech een zentraalt Thema.

Mat „Clean eyes“ huet de Syml een éischte groussen Hit gelant. D'Lidd huet ee melancholesche Sound, awer een optimistesche Contenu.

Viru sengem aktuelle Soloprojet war de Brian Fennell mat der Band Barcelona ënnerwee. D’Aart a Weis ze schaffe war do ganz anescht wéi elo.

No „Clean Eyes“ steet elo di nächst Single un- an déi ass den Awunner vu senger Heemecht an der Géigend vu Seattle dediéiert.

De Moment ass den amerikanesche Museker hei an Europa. Et war ëmmer säin Dram, och live virun europäeschem Publikum ze spillen.

A wéi wäit ënnerscheet sech den amerikanesche vum europäesche Publikum?

Wat erwaart eis um Concert de 27. Juni an der Rockhal?



Lauschtert hei de Schellcheck mam SYML


Tickete fir de Concert kritt der um Internetsite vun der Rockhal

Links