Milow29.09.2019 @ den Atelier

De Milow kënnt am Hierscht mat neier Musek zréck op Lëtzebuerg.

Leschten Update: 10.05.2019, 09:37:26

© eldo

Den 29. September kënnt de belsche Sänger fir e Concert an den Atelier. De Milow kuckt zréck op e sëlleche Präisser wéi en MTV Europe Music Award, grad wéi Nummer-1-Hits a Gold-a Platin-Alben.  Am Summer kënnt mam Titel „Lean Into Me“ dee 6. Studioalbum vum Popstar eraus.

Am Atelier huet de Milow awer net just di nei Lidder am Programm, mee och Klassiker wéi „Ayo technology“ an „You don’t know“. Tickete kritt der wéi gewinnt um Internetsite vum Atelier.

Weider Infos an Tix kritt der um Site atelier.lu