Concerten am Juni zu LëtzebuergWelshly Arms, Dean Lewis, Sirens Call

Den 2. Juni kommen d’Pionnéier vum Future Funk zréck zu Lëtzebuerg. Jamiroquai stinn an der Rockhal op der Bühn. Mee och di nächst Wochen si vill Concerten

Leschten Update: 15.06.2019, 19:01:00

Welshly Arms

Méindes den 10. Juni komme Welshly Arms zréck op Lëtzebuerg. Mat hirem alternative Blues-Rock an Hits wéi “Legendary” stinn si an der Escher Rockal op der Bühn.

Den Dean Lewis huet mat der Single „Be alright“ e groussen Hit op Eldoradio gelant. Mat dëser Singel mat mat sengem Album „A Place we Knew“ kënnt den australesche Songwriter live op Lëtzebuerg- Donneschdeg den 20. Juni an den Atelier.

Den James Bay huet sech dëst Joer zréck gemellt mat sengem 2. Album „Electric Light- an dee presentéiert hien Méindes den 24. Juni an der Rockhal.

De SYML huet de Moment mat „Clean Eyes” e groussen Hit. Mat dëser Nummer a mat sengem éischte Studioalbum trëtt hien Donneschdes den 27. Juni an der Rockhal op.

Samschdes den 29. Juni ass di 3. Editioun vum Siren’s Call Festival am Gronn. Metronomy, Cat Power, Band Of Horses an Idles trieden als Headliner op, ausserdeem vill talentéiert Lëtzebuerger Acts wéi C’est Karma, oder Claire Parsons.