Kontra K12.03.2020 @ Rockhal

No sengem Optrëtt 2015 um Rock-A-Field kënnt den däitsche Rapper Kontra K zréck op Lëtzebuerg.

Leschten Update: 10.06.2019, 11:00:01

De Kontra K gehéiert zu den erfollegräichsten a beléiftste Rapper an Däitschland.  No 3 Alben um Stéck op Plaz 1 vun den däitschen Album Charts huet och säin aktuellen 8. Album "Sie wollten Wasser doch kriegen Benzin" d'Charts gestiermt.

Op senger "Die letzten Wölfe"-Tour spillt hien di grouss Arenaen an dreift souguer déi un hir Grenzen.

Wéinst der extrem héijer Nofro no Ticketen goufen elo zousätzlech Concerten ugekënnegt- ënner anerem och zu Lëtzebuerg.

Donneschdes den 12. Mäerz 2020 spillt de Kontra K live an der Escher Rockhal.

De Virverkaf fänkt dësen Dënschdeg 11. Juni um Site vum Atelier un. Weider Infos an Tix fannt der um Site vum Atelier www.atelier.lu