Concertscheck Welshly ArmsEn Optrëtt mat Power a grousse Stëmmen

Welshly Arms konnten an engem klenge Kader, awer dofir mat vill Energie iwwerzeegen!

Leschten Update: 11.06.2019, 16:00:44

Am klenge Kader huet de Concert mam Josh Island um hallwer 9 ugefaangen. E stoung eleng mat senger Gittar op der Bühn a konnt de Fokus op seng douce an och kräfteg Stemm sëtzen, déi d'Leit schonn no puer Téin iwwerzeegt huet.

De Sänger huet säi Public gär. Dat huet ee spéitstens zu deem Moment gemierkt wéi den Här einfach vun der Bühn erof, matten an de Public stoe gaangen ass. Zesumme mam Rockhal-Public huet hien dunn gesongen. Wat en harmonesche Kader! An dat war just de Virprogramm.

Um hallwer 10 hu Welshly Arms den Iwwergang mat enger unplugged Nummer gemaach, déi dunn schnell de Wee an hiren übleche Rock fonnt huet. Mat Power a staarke Stemmen op der Bühn hunn si voll iwwerzeegt an dat och op enger klenger Bühn. Mat hire Lidder wéi "Legendary" konnten si d'Leit richteg matrappen an dat ass et dunn och zwee mol ze héiere ginn. Si konnte beweisen, dass och kleng Bühnen ze rocke sinn an dass all Band Member eng gutt Stëmm ze bidden huet.

Welshly Arms kënnen ebe net just Rock am Ring, mä och an der Rockhal an engem méi intime Kader!

E gudde Concert mat enger talentéierter Band a vill Power op der Bühn.

4 vu 5 Stären!

Lauschtert wéi de Public de Concert fonnt huet: