Sonic Visions 2019Den Dermot Kennedy ass ee vun den Headliner

Nieft Matt Simons, Alec Benjamin, a Yungblud kënnt och den Dermot Kennedy dëst Joer op de Sonic Visions Festival an der Rockhal.

Leschten Update: 13.06.2019, 16:00:02

D'Rockhal huet ee weideren Act fir de Sonic Visions Festival 2019 ugekënnegt. Als Headliner wäert och den Dermot Kennedy hei optrieden.

Scho méi laang gewosst ass, dass Alec Benjamin, Balthazar, Yungblud a Matt Simons hei op dre Bühn stinn.

Natierlech goufen och nees lokal Kënschtler gebucht- dorënner Christina Kalyss, Chaild, Tuys, an The Choppy Bumpy Peaches.

De Festival ass de 15. a 16. November- wéi schonn di lescht Joren ënnert der spektakulärer Kuliss vun den Héichhiewen.

Ticketen kritt der um Internetsite sonicvisions.lu