SDP19.02.2020 @ den Atelier

Déi däitsch Hip-Hop-Band SDP kënnt zréck op Lëtzebuerg

Leschten Update: 14.06.2019, 13:50:03

© eldo

Mat iwwer 390 Mio. Views op YouTube, an e sëllechen Headliner-Slots op  grousse Festivaller zielen SDP zu den erfollegräichsten däitschen Bands. Kee Wonner also, dass hiren neien a mëttlerweil 9. Album „Die Unendlichste Geschichte“ op Plaz 1 vun den däitschen Charts gelant ass.

130.000 Fans goufen op hirer leschter Tour gezielt, an och di aktuell "Unendlichste Tour" 2019 war séier Sold out. Dofir ginn d'Jongen elo a Verlängerung a kommen ënner anerem den 19. Februar 2020 an den Atelier.

Tickete kritt ee vum 17. Juni un um Site vum Atelier atelier.lu