Concerten am Juli zu LëtzebuergRammstein, Gossip & Co

Vill grouss Bands kommen dëse Mount Lëtzebuerg- dorënner Limp Bizkit, Gossip, Rammstein.

Leschten Update: 01.07.2019, 07:02:02

© eldo archiv

Ee vun de Concerts-Highlights dëse Mount ass leider an d'Waasser gefall. Den Open Air Optrëtt vu Snow Patrol, Dënschdes den 2. Juli am Haff vun der Abtei Neimënster, ass ofgesot ginn! D'Tickete gi rembourséiert. 

Limp Bizkit gëllen ëmmer nach als eng vun den ënnerhalsamste Live-Bands an den USA: Méindes den 8. Juli komme si zréck op Lëtzebuerg fir ee Concert live an d’Rockhal.

Hip-Hop-Fans kënne sech Mëttwochs den 9. Juli op Cypress Hill freeën. Zesumme mam Support Act De Läb suerge si an der Rockhal fir Stëmmung.

Samschdes den 13. Juli ass di 10. Editioun vum Screaming Fields Festival an der Rockhal- mam Ziel jonk Lëtzebuerger Talenter z‘ënnerstëtzen. Di 8 Finalisten vum Concours stellen sech hei dem Publikum fir. Den Entrée ass gratis.

D’Beth Ditto ass mat senger Kultband Gossip zréck – an hir Comeback-Tour féiert di 3 Museker och op Lëtzebuerg: Méindes den 15. Juli trëtt den amerikaneschen Indierock-Trio live am Atelier op.

De briteschen Hip-Hop-Duo Morcheeba kënnt am Kader vum Wolzer Festival zréck op Lëtzebuerg. Mat hirem neien Album „Blaze Away“ an hire fréieren Hits spille si Donneschdes den 18. Juli eng Open Air Show beim eenzegaartege Kader vum Wolzer Schlass.

Groussen Highlight ass dann natierlech den Optrëtt vun der däitscher Kultband Rammstein.  Samschdes den 20. Juli rocken si d‘Herchesfeld zu Réiser. De Concert war bannent kuerzer Zäit sold out.

Bilderbuch si längst iwwert d’Grenze vun hirer éisträichescher Heemecht bekannt. Mat hirem Mix aus Indie-Rock, Pop a Funk kënnt der si Sonndes den 21. Juli um Wolzer Festival erliewen.