James Morrison 14.10.2019 @ Den Atelier

Den James Morrison kënnt zréck op Lëtzebuerg

Leschten Update: 27.06.2019, 12:40:44

© eldo

Virun 13 Joer gouf den James Morrison mat sengem soulege Songwriter-Pop bekannt. Dëst Joer huet den britesche Museker sech zréck gemellt mat engem neien Album a  geet elo domat op Tour. Méindes de 14. Oktober kënnt der hien live am Atelier gesinn. De Virverkaf huet de Freideg, 21. Juni um Internetsite atelier.lu ugefaangen.