James Blunt05.03.2020 @ Rockhal

Den James Blunt kënnt zréck op Lëtzebuerg - fir e Concert live an d'Rockhal.

Leschten Update: 04.09.2019, 14:10:12

© eldo

De britesche Songwriter huet sech dëst Joer zréck gemellt mat sengem neien Album „Once Upon a Mind”. Mat dësem Album a mat senge bekannten Hits wéi d’Single „You’re Beautiful” kënnt den James Blunt zréck op Lëtzebuerg- fir e Concert Donneschdes den 5. Mäerz 2020 an d’Rockhal.  De Virverkaf fänkt e Freideg um 10h um Internetsite vum Atelier /www.atelier.lu un.

 

Säin Debütalbum "Back to Bedlam" an d'Nummer-1-Single "You're Beautiful" hunn hien 2005 bekannt gemaach. Zanterhier ass de britesche Sänger schonn e puer Mol hei zu Lëtzebuerg opgetrueden.