ConcertscheckRevolverheld: Gelonge Show an der Luxexpo!

Den 9. September konnt déi däitsch Band Revolverheld d'Luxexpo fesselen.

Leschten Update: 09.09.2019, 13:25:24

© Eldoradio

Um kuerz virun 9 a soumat iwwerpénktlech huet Revolverheld, d‘Bühn an der Luxexpo betrueden.

Den Ufank hätt net méi kënne matrappen. Mat Konfetti an dem Lidd „So wie jetzt“ vum neien Album „Zimmer mit Blick“ kruten se d'Publikum vun Ufank u gefesselt. Mat Lidder wéi „Das kann uns keiner nehmen“, „Immer in Bewegung“, „Welt verändern“ a „Freunde bleiben“ hu si d'Luxexpo weiderhin ugeheizt.

Tëscht de Lidder huet de Johannes vill mat den Zuschauer geschwat. Dëst goung vum schlechte Wierder zu Lëtzebuerg an Hamburg, iwwer Witzer am Stand Up Comedy Stil bis hin zum Entstoe vun der Band. Seng Rieden dotëscht hunn dee ganze Kader zimlech vertraulech a méi Intim wierke gelooss.

Mam Lidd „Unsere Geschichte ist erzählt“ oder wéi de Johannes et nennt, dat trauregst Lidd wat hie jee geschriwwen huet, hu Revolverheld dunn e bësse Power aus hirer energiegeluedener Show geholl.

Déi gutt Stëmmung hat domat awer nach keen Enn. Lauter Kësse goufen op der Bühn verdeelt an eng Partie Leit aus dem Publikum hu sech et fir d‘Lidd „Spinner“ duerfe bei der Band bequem maachen. Natierlech hu Lidder wéi „Halt dich an mir fest“ an "Immer noch fühlen“ net op der Setlist gefeelt. Beim zweet genannten hu si souguer ee klengen Dance Break agebaut, bei deem si wéi eng klassesch Boyband hier Danz-„Kënscht“ ënner Beweis gestallt hunn. 

Och dem Johannes sein Cover vum Lidd „Denkmal“ vu Wir sind Helden aus der Show "Sing meinen Song" huet hien e Sonnden Owend an der Luxexpo gespillt.

Den Ofschloss vun der Show hätt net méi passend kënne sinn. Beim Lidd „Ich werde nie Erwachsen“ goufe riseg Loftballonen an de Faarwe Rout, Weis a Blo an d‘Publikum geheit. No “Ich lass für dich das Licht an“ a Freedefeier hu Revolverheld dunn d'Bühn verloss.

Als Zugabe gouff et nach „Liebe auf Distanz“, dat op enger klenger Bühn an der Mëtt vun der Luxexpo beim Sound Engineer. Mat „Lass uns gehen“, „Zimmer mit Blick“ an nach enger Portioun Konfetti hu si dem Concert deen Ofschloss ginn, deen en och definitiv verdéngt hat.

E stabille Concert, mat coole Jongen, déi net just hier Musek spillen, mee hir Zuschauer och mat vill Witz a Geschichten ënnerhalen. Nieft der ofwiesslungsräicher Show, ass och ze erwänen datt se hier Lidder mol opfrëschen, an och wann dës scho 16 Joer um Bockel hunn, da Live awer nees ganz nei interpretéiert ginn. „Mit dir Chilln“, e Lidd wat puer Leit sech gewënscht hätten hunn dëst dunn awer missen am Auto um Wee fir heem lauschteren. 

Eng stramm Leeschtung, en Top Ofschloss vun hirer Tour an dofir ginn et 4,5 vu 5 Eldostären!

Lauschtert hei d'Meenunge vun de Leit: