Freya Ridings27.01.2020 @ den Atelier

Di britesch Singer/Songwriterin kënnt live an den Atelier.

Leschten Update: 16.01.2020, 13:41:35

© Tolga AKMEN / AFP

D'Freya Ridings ass eng vun den intressantsten Newcomerinnen den Ament a Groussbritannien. Nieft 2 Live Alben, déi et verëffentlecht huet, ass am Summer 2019 säin Debutalbum mam Titel "Freya Ridings" erauskomm an ass domat direkt op Plaz 3 vun de britteschen Charts geklommen.

Mat dësem Album kënnt di brittesch Sängerin dëst Joer dann och op Lëtzebuerg, dëst méindes, de 27. Januar, an den Atelier.

Hei am Atelier ass dann och den Optakt vun der Sängerin hirer EU-Tour.

D'Diere vum Atelier ginn um 19h00 op. Tickete fir de Concert kritt een nach online!






Links