Concerten am Oktober zu LëtzebuergKhalid & Mabel, Seeed, Lea

Däitsche Pop, Hip-Hop a Reggae grad wéi Popmusek aus den USA erwaarden eis dëse Mount zu Lëtzebuerg.

Leschten Update: 30.09.2019, 12:01:51

De Khalid hat dëst Joer mat senger Single „Talk“ ee grousse Radiohit. Mat dëser Single a mat sengem neien Album „Free Spirit kënnt den amerikanesche Sänger e Sonndeg de 6. Oktober eng éischte Kéier live op Lëtzebuerg. Support Act sinn d’Popsängerinne Rhaye a Mabel.




Mat der Single “Leiser” hat d’Lea säin éischte Radiohit. Mat hirem Top 10 Album „Zwischen meinen Zeilen“ kënnt di däitsch Sängerin dëse Mount live op Lëtzebuerg- fir e Concert den 15. Oktober an den Atelier.

Seeed sinn net just duerch hiren eenzegaartege Mix aus Dancehall, HipHop a Reggae bekannt, mee vrun allem och duerch hir sensationell Live Showen-  woumat si net just ganz Europa mee och Südamerika eruewert hunn. Freides de 25. Oktober komme si zréck op Lëtzebuerg - fir e Concert an d’Rockhal. De Concert ass sold out.

Di Lëtzebuerger Band Zero Point Five feiert dëst Joer 10-Järege Jubiläum.  An deem Kader presentéieren d’Museker hiren neien Album „Southern Breeze“ den 31. Oktober am Club vun der Rockhal.

Och an de Rotonden presentéieren eng Rei Lëtzebuerger Bands dëse Mount hir nei Lidder. Say Yes Dog kënnt der den 10. Oktober live gesinn, Bartleby Delicate den 19. an 20. Oktober an Autumn Sweater den 26. Oktober.