ConcertscheckEn nervööst LEA um Dënschden am Atelier

E ganz intimen Touroptakt mat vill Nervositéit!

Leschten Update: 16.10.2019, 10:47:36

© eldoradio

Als Virgrupp vum LEA huet am gutt gefëllten Atelier d'Mathea gespillt. Déi éisträichesch Kënschtlerin bekannt aus der Castingshow "The Voice of Germany" ass dem Eldo-Public virun allem duerch seng Single 2x bekannt.

Pénktlech um 9 wor et dann um LEA.

Nieft perséinlechen Anekdote goung et en Dënschdeg den Owend haaptsächlech ëm Musek. Wien op e Concert vum LEA geet mierkt direkt: Musek ass dem Lea seng Passioun. Dat héiert een. D'LEA ass ëmmer ganz no bei sengem Public.
Bei all Lidd sollt de Public matsangen. E klengt Meedchen duerft esouguer virun de Mikro.



Trotzdeem bleift e Concert vum LEA, am Moment op jiddwer Fall mol nach kee Concert dee matrappt. Dofir sinn seng Lidder ze gefillsvoll, ze roueg. Mä e Concert vum LEA lieft vu senger Authentizitéit.

Lauschter hei wéi de Public de Concert fonnt huet:

Déi ufanks spierbar Nervositéit wéinst dem Touroptakt (d'LEA wollt dowéinst och keng Interviewe ginn) hat sech séier geluecht a spéitstens wéi et säin 90s Break ageluecht huet jiddweree motivéiert.
Matsangen an danze konnt een op LEA-Covere vu Spice Girls oder Atomic Kitten.

© eldoradio

Um Enn kritt de Concert 4 vu 5 Stären!

Eng Newcomerin vun där mir -hoffentlech- nach vill héiere wäerten!

Klickt hei fir d'Pics vum Concert >>>