X Ambassadors29.02.2020 @ den Atelier

D'X Ambassadors komme mat hirem aktuellen Album an den Atelier!

Leschten Update: 17.01.2020, 10:33:14

© Robin Marchant / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

2015 sinn d'X Ambassadors mam Titel "Renegades" bekannt ginn, de Song hate si fir eng Autosreklamm produzéiert.

De 14. Juni 2019 huet di amerikanesch Band hiren drëtten Album "Orion" erausbruecht. Nodeems si aktuell mat "Orion" duerch ganz Amerika ënnerwee sinn, maache si d'nächst Joer och e Stopp hei zu Lëtzebuerg. D'X Ambassadors kommen den 29. Februar 2020 fir e Concert an den Atelier.

Tickete kritt dir hei!