Mighty Oaks21.02.2020 @ Rotondes

Den Atelier huet e Concert vun de Mighty Oaks fir 2020 annoncéiert.

Leschten Update: 18.10.2019, 13:18:49

© Eldoradio

Dëse Freiden hunn d'Mighty Oaks hir nei Single "All Things Go" erausbruecht. An deem Kader huet d'Folk-Band vu Berlin och de Release vun engem neien Album bekannt ginn. Wéini genee den neie Longplayer erauskënnt hu si awer nach net verroden, just esouvill: iergendwann ufanks 2020.

Nieft dem neien Album hunn d'Mighty Oaks awer och nach eng grouss Clubtour duerch Europa annoncéiert. Den 21. Februar 2020 maache si och e Stopp an de Rotonden hei zu Lëtzebuerg. 

Ticketen ginn et um Site vum Atelier