ConcertscheckSeeed - ëmmer nees en Highlight

Zënter laangem war de Concert an der Rockhal ausverkaaft. Ma et huet sech definitiv gelount d'Jonge vu Berlin kucken ze goen.

Leschten Update: 26.10.2019, 09:04:14

© Eldoradio

Freides de 25. Oktober war deen Datum, op dee ganz vill Leit schonn zënter Méint gewaart hunn. D'Museker vu Berlin waren hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal an hunn op der Plaz eng riseg Show gebueden!

D'Begeeschterung vun de Leit war definitiv ze héieren, ma de Stil vun der Musek huet sech awer e bësse geännert. Wat net schlecht ass, well dat zimlech gutt beim Public ukomm ass. D'Kombinatioun aus ale Songs an dem neie Stil huet deem Ganzen e speziellen Touch ginn. Nostalgie huet sech sou ënnert de Leit breet gemaach, well et fir vill Fans net deen éischte Concert vun de Berliner war.

D'Meenunge ginn hei vun "top, besser geet et net" iwwert "ech hu se scho puer Mol gesinn an ech ka soen, dass hir Concerten ëmmer besser ginn" bis "sensationell".

Dat zesumme mat der Choreographie, déi se op der Bühn gewisen hunn, war et eng Zesummesetzung, déi besser net hätt kéinte sinn!

Um Enn kritt de Concert 4 vu 5 Stären!

Hoffentlech ass et net déi lescht Kéier, dass mer SEEED hei zu Lëtzebuerg gesinn hunn.

Lauschtert eran

LINK / Kuckt iech hei d'Fotoen un!