Concerten am November zu LëtzebuergSido, Namika, Sonic Visions

Däitsche Pop, Hip-Hop an Elektropop, grad wéi ee Kult-Festival an der Rockhal erwaarden eis dëse Mount zu Lëtzebuerg.

Leschten Update: 01.11.2019, 01:49:03

© atelier

Virun iwwer 10 Joer gouf d’Stefanie Heinzmann mat éischte Lidder bekannt. Elo kënnt di Schwäizer Popsängerin zréck op Lëtzebuerg fir e Concert e Sonndeg den 3. November an den Atelier. 

Ënnert dem Motto „Fest vun der Heemecht“ ass e Freideg den 8. November en Charity Concert am Atelier. Ënnerstëtzt gëtt mam Event de Veräin fir interkulturellen Dialog. 3 Gruppen presentéieren hei Musek op Lëtzebuergesch – D’Cojellico’s Jongen, De Läb an Serge Tonnar plus Legotrip.

De Weekend vum 15. a 16. November ass de Sonic Visions Festival an der Rockhal. Headliner sinn ënner anerem Dermot Kennedy an Alec Benjamin. Live gesinn kann een awer och vill lokal Artisten wéi Chaild an Tuys

Ee vun den Highlights vum Mount dierft Dënschdes de 26. November de Concert vum Sido ginn. Am Kader vu senger Tausend Tattoos Tour spillt den däitsche Hip-Hop-Museker live an der Rockhal

D’Namika huet dëse Mount 2 Optrëtter hei zu Lëtzebuerg.  Mat sengem Nummer 1 Hit „Je ne parle pas français“ a mam passenden Album „Que Wakou“  trëtt di däitsch Sängerin den 28. An 29. November am Atelier op.