ConcertscheckParov Stelar - modernen Jazz zu Lëtzebuerg!

En Donneschdeg den Owend war den DJ a Produzent Marcus Füreder, alias Parov Stelar, mat senger Band hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal.

06.12.2019, 13:30:22

© Eldoradio

An Éisträich ass e gebuer an ass an de Beräicher Jazz, House, Electro a Pop ënnerwee. De Parov Stelar ass den erfollegräichsten internationale Kënschtler, deen et an Éisträich gëtt. Dat läit sécher net nëmmen u sengen Hits, wéi zum Beispill "All Night" oder "BootySwing".

Och dass hien zesumme mat enger Band optrëtt bréngt eng Ambiance mat sech, déi ee vun engem DJ-Optrëtt normalerweis net kennt.  De modernen Jazz, fir deen de Parov Stelar a seng Band bekannt sinn, ass och beim Public hei zu Lëtzebuerg gutt ukomm.

Genau sou Deeler, wéi de Live-Saxophon op der Bün, hu bei de Leit fir Begeeschterung a gutt Stëmmung gesuergt. Verschiddener, déi de Parov Stelar schonn eng Kéier gesinn hunn, fanne souguer, dass de Concert en Donneschdeg bei wäitem besser war, wéi dat wat se bis elo vun him a senger Band gewinnt waren. 

Um Enn kritt de Concert 4 vu 5 Stären!

E Mann a seng Band, deen d'Rockhal an eng Art modernen Jazz-Tempel verwandelt huet.

Lauschtert eran

LINK / Kuckt iech hei all d'Fotoen un!