Concerten am Januar zu LëtzebuergFreya Ridings, Two Door Cinema Club

No der méi roueger Chrëschtvakanz fänkt dëse Mount d’Concertsaison nees un. Allerdéngs musst der iech bis Mëtt Januar gedëllegen.

Leschten Update: 06.01.2020, 15:14:53

© eldo archiv


Ugefaange mat enger legendärer Punk-Rockband-nämlech Sum 41, eng Band déi virun iwwer 20 Joer a Kanada gegrënnt gouf.  Säitdeem hunn d’Museker méi wéi 15 Milliounen Alben verkaf, 2 Juno Awards gewonnen an waren eemol fir e Grammy nominéiert. Den 15. Januar kënnt der di kanadesch Band an der Luxexpo gesinn.

Zanter 13 Joer iwwerzeegen Two Door Cinema Club mat hirem melodiéisen Elektropop an haten ënner anerem Hits wéi „I Can Talk“ an „Undercover Martyn“.  Mat dëse Songs an hirem neien Album "False Alarm" komme si zréck op Lëtzebuerg, Freideg den 24. Januar an den Atelier.

D'Freya Ridings ass eng vun den intressantsten Newcomerinnen de Moment. Virun e puer Méint huet hatt säin Debütalbum eraus bruecht an ass domat direkt op Plat 3 vun de britteschen Charts era geklommen. Mat dësem Album a mat Hits wéi „Lost without you“ an „Castles“ kënnt di brittesch Sängerin Méindes den 27. Januar live an den Atelier.

Mat méi wéi 10 Millioune verkaafte Placken huet de Mika sech weltwäit als Sonwgriter,  Sänger a Performer etabléiert. Mat senge bekannten Hits grad wéi mat neie Lidder kënnt de brittesche Sänger zréck op Lëtzebuerg- fir e Concert e Mëttwoch den 29. Januar en d’Rockhal.

6 Joer ass di Lëtzebuerger Rockband Fallen Lies schonn an der Musekszeen aktiv. Enn vun dësem Mount brénge si hire laang erwaarte Debütalbum eraus a presentéieren deen den 24. Januar am Floor vun der Rockhal.

Gewannt är Tickete wéi gewinnt op Eldoradio an op Eldo.lu