Alicia Keys11.07.2020 @ Rockhal

No sengem Concert am Juni 2013 an der Rockhal kënnt d'Alicia Keys dëse Summer zréck op Lëtzebuerg.

Leschten Update: 10.02.2020, 09:45:13

© Rockhal

D'Alicia Keys huet ee Stëmmvolumen iwwer 4 Oktaven, eng klassesch Pianoausbildung, an huet et 2001 direkt mat sengem Debütalbum op Plaz 1 vun de Billboard Charts gepackt.

Am Laf vu senger Karriär huet hatt méi wéi 65 Milliounen Placke weltwäit verkaf an e sëllege Präisser gewonnen, dorënner 15 Grammyen.  

Mat senger neier Single  "Underdog" a mat sengem neien, a mëttlerweil 7. Studioalbum "Alicia" kënnt di amerikanesch Sängerin live op Lëtzebuerg - fir e Concert samschdes den 11. Juli an der Rockhal.

De Virverkaf hat de 27. Januar ugefaangen, di regulär Ticketen sinn awer mëttlerweil schonn ausverkaaft. Ze kréie si just nach "Early Entry Tickets" oder "VIP Meet & Greet Tickets".

Weider Infos an Tix kritt dir um Site vun der Rockhal.



© rockhal