Concerten am Februar zu LëtzebuergTenacious D, Fritz Kalkbrenner

Rock, Indiepop an Elektro erwaart iech dëse Mount op de Bühn vun eisem Land. Folgend Concerte loune sech am Februar besonnesch.

Leschten Update: 01.02.2020, 04:32:01

© eldo archiv

Den Jack Black an den Kyle Gass alias Tenacious D komme mat hirem aktuellen Album "Post-Apocalypto" op Lëtzebuerg. E Samschdeg de 15. Februar  kënnt de komödiantesche Rock-Duo live an d'Rockhal. De Concert ass sold out!

Fir de Concert vun Royal Republic dogéint ginn et nach Ticketen. Den 20. Februar spillt di schwedesch Alternative Rockband an der Rockhal.

D'Folk-Band Mighty Oaks ass dëst Joer mat neiem Album op grousser Clubtour duerch Europa. Den 21. Februar maache si Statioun an de Rotonden hei zu Lëtzebuerg. 

Dëse Mount kënnt och den däitsche Produzent Fritz Kalkbrenner mat sengem neien Album "True Colors" zréck op Lëtzebuerg, de 27. Februar kënnt dir hien live am Club vun der Rockhal erliewen!

Viru 5 Joer sinn d'X Ambassadors mam Titel "Renegades" bekannt ginn. Mat dësem Hit a mam aktuellen Album "Orion" komme si den 29. Februar fir e Concert an den Atelier.

Gewannt är Tickete wéi gewinnt op Eldoradio an op eldo.lu