Jessie J15. Juli 2020 @ Rockhal

D'Jessie J kënnt zréck op Lëtzebuerg!

Leschten Update: 29.01.2020, 10:46:07

© Robyn BECK / AFP

E Mëttwoch gouf annoncéiert, datt de brittesche Pop-Star Jessie J de 15. Juli an d'Rockhal kënnt. No sengem Concert d'lescht Joer am Atelier ass et schonn der Sängerin hiren zweeten Optrëtt hei zu Lëtzebuerg!

2011 ass d'Jessie J mat Lidder ewéi "Price Tag" an "Domino" bekannt ginn an huet am Laf vu senger Karriär och schonn e BRIT-Award gewonnen.

Tickete kritt een am Virverkaf vum 31. Januar um 10 Auer un - um Site vun der Rockhal!