Sean Paul07.04.2020 @ Rockhal

De Sean Paul kënnt zréck op Lëtzebuerg!

Leschten Update: 06.02.2020, 13:48:34

© Eldoradio

En Donneschde gouf annoncéiert, datt den jamaikanesche Reggae- an Dancehall-Museker Sean Paul de 7. Abrëll an d'Rockhal kënnt. No 2014 an 2017 ass et scho säin drëtten Optrëtt bei eis zu Lëtzebuerg.

Am Laf vu senger Karriär huet de Sean Paul 6 Alben erausbruecht an och ee Grammy gewonnen!

Tickete kritt een am Virverkaf vum 7. Februar vun 10 Auer un - um Site vun der Rockhal!