Kino NewsWar For The Planet Of The Apes: de leschten Trailer

Bléift de Mënsch un der Spëtzt vun der Nahrungskett?

Leschten Update: 16.05.2017, 15:06:46

© Youtube Screenshot

Laang muss een net méi waarden!
Haut ass den leschten Teaser vun der Reboot- Saga „War For The Planet Of The Apes – Survival“ opgetaucht. Muer schonn kennt den passenden Trailer dozou! Anescht wéi bei den übleche Clips, gesäit een historesch schwaarz-wäiss Opnamen, vermëscht mat Extraiten aus de Virgänger. Ënnerluecht sinn déi Biller mat enger bekannter Ried vum William Faulkner.

Den Caesar an seng Afe geroden an en déidleche Konflikt mat der Arméi vun de Mënschen. Déi gëtt ugefouert ënnert der Leedung vum Colonel. No grouße Verloschter, huelen dem Caesar seng düster Instinkter Iwwerhand. En epesche Kampf tëschent Mënsch an Af entscheed schlussendlech iwwert d‘Schicksal vun eisem Planéit.