Kino NewsDen Johnny Depp spillt d' Haaptroll am "King Of The Jungle"

Vum Jack Sparrow zum John McAfee

Leschten Update: 16.05.2017, 15:17:55

© Youtube Screenshot

Als éischt nach Pirat an elo als Computerspezialist?
Fir dee Film klëmmt de Schauspiller an d´Roll vum Software-Entwéckler John McAfee. Den Titel baséiert op engem Zeitungsartikel vun der bekannter Antivirus Firma McAfee. Sou gëtt och de Verlaf vun der Story aus der Zeitung am Film ëmgesat.

Den Haaptprotagonist gouf 2012 vun der Belizer Regierung wéinst Mord gesicht. An esou mécht dee sech aus dem Stëbs, nodeems e räich gët mat senger Antivirussoftware. Schlussendlech baut en sech am Djungel vu Belize en neit Liewen op. Wou säin Doheem wéinst Verdacht op illegalem Drogebesëtz bis duerchsicht gouf gëtt et fir de John McAfee dramatesch an hie muss virun der Justiz flüchten.

 

© Youtube Screenshot