
© https://www.facebook.com/fjg.film
Den éischten Deel ass an de Kinoen ageschloe wéi eng Bomm an aktuell steet den Elyas M’Barek a Co vir de mëttlerweil 3ten Deel virun der Kamera. D’Riets ass vu Fack Ju Göthe an do gouf et elo um Set prominente Besuch vun dräi Fussballstaren, ënnert anerem vum Mats Hummels.
Dës sollen am Film dann och e Optrëtt kréien, wéi grouss dee wäert sinn, soll der Produktiounsfirma no awer e Geheimnis bleiwen.
Mir dierfen also op déi nei Geschicht vum Här Müller, dem wuel coolste Proff op der Welt gespaant sinn.