
© mirror.co.uk
De Regissuer Christopher McQuarrie huet allerdéngs elo verroden, dass am 6ten Deel, deen elo gedréint gëtt, en anere Wee soll ageschloe ginn.
De Spion Ethan Hunt soll op eng emotional Rees geschéckt ginn. D’Halschent vum Film soll dann och a Prag spillen. Et wëll een fort vum Stil, den Tom Cruise ouni Grond op eng Weltrees vun 10 Länner ze schécken.
Wien awer lo mengt, Mission Impossible gëtt eng Schnulz, deen dierf berouegt ginn. Zum Schluss vum Film soll eng Action-Seene kommen, wéi een se nach nie gesinn huet.