Kino NewsFilm iwwer den Joker

Den Todd Phillips plangt e Film iwwer dem Joker seng Originnen ze produzéieren.

Leschten Update: 14.03.2018, 06:43:44

© CARL COUR AFP

DC bréngt eng nei Story iwwer den Joker eraus. De Film baséiert um Comic “The Killing Joke” vun 1988. Dem Joaquin Phoenix selwer no, ass den Acteur no drun fir d’Roll vum Joker spillen ze dierfen. Den Phoenix ass ënner anerem fir seng Roll a “Gladiator” bekannt. D'Produktiounsfirma distanzéiert sech mat der Geschicht iwwer den Joker an den 1980er vu sengem DC Universum an deem den Jared Leto den Joker spillt. Obwuel den Leto net d'Haaptroll an dësem Film spillt, gëtt hien net endgülteg als Joker ofgeléist.
Den Joker soll als Comedian aus den 1980er Joren duergestallt ginn, deen op ganzer Linn versot huet. Nodeems hie kee Succès hat, ass den Joker an d’Kriminalitéit ofgerëtscht. 

En genauen Datum fir de Film ass nach net gewosst.