Kino NewsAvengers 3 - Wei ee Superheld stierft?

Am Avengers 3 ginn d’Wënsch vun de Fans berécksiichtegt.

Leschten Update: 27.03.2018, 12:36:43

© FAYEZ NURELDINE AFP

Wéi scho méi laang gewosst ass, wäert et en drëtten Deel vun den Avengers ginn. Fir Marvel selwer ass et e risege Projet. Nach ni goufen et esou vill Superhelden an engem Film. Dass do deen een oder aneren Held et net bis zum Schluss packt ass viraus ze gesinn. Fans hu sech schonn zanter méi Laangem gewënscht, dass och mol e Superheld stierft. Dëst huet de Robert Downey Jr. an d’Dréibuchauteuren elo confirméiert. Den Iron-Man-Acteur schwätzt dovun, dass "Käpp rulle" wäerten. Fans hate bei deene leschte Filmer d’Konsequenze fir d’Helde vermësst. Weider hi gëtt erkläert, firwat den Thanos dee gréisste Feind vun den Avengers ass, deen et jee gouf.

De Film kënnt Enn Abrëll an de Kino.