Kino NewsFantastic Beasts "The Crimes of Grindelwald"

Den Trailer vum zweeten Deel vu "Fantastic Beasts" ass online!

Leschten Update: 14.03.2018, 17:14:31

© www.facebook.com/fantasticbeastsmovie/

No den "Harry Potter"-Filmer koum Enn 2016 "Fantastic Beasts and Where to Find Them" eraus. Dëse Film huet sech awer net net em den "Harry Potter" selwer gedréit, mee huet sech awer am selwechten Universum ofgespillt. Scho méi laang ass bekannt, dass eng Fortsetzung mam Numm "Fantastic Beasts: The Crimes Of Grindelwald" a Produktioun ass. Elleng beim Titel misst bei Fans vum J.K. Rowling eng Luucht ugoen.

Am zweeten, vun am ganze 5 Deeler, geet et em de Gellert Grindelwald, dee mat aneren Zauberer dofir kämpft, dass just rengbluddeg Zauberer un d'Muecht dierfen. Deen eenzegen deen de Grindelwald nach ophale kéint, ass säin deemolege beschte Kolleg, den Albus Dumbledore...

De Film "Fantastic Beasts: The Crimes of Grindelwald" soll am November 2018 an de Kino kommen. Fir all déi, déi net méi esou laang waarde wëllen oder kënnen ass elo den éischten Trailer erauskomm, deen eis d'Waardezäit bis dohinner e bësse verkierzt!