KinonewsDumbo Trailer

Den éischten Trailer vum nei verfilmten Disney Animatiounsklassiker ass do!

Leschten Update: 18.06.2018, 16:09:27

© www.youtube.com

Den Elefant mat de groussen Oueren ass nees zréck! Dass de Kannerfilm deen 1941 d’Kannerhäerzer méi héich schloe gelooss huet, 2019 als Remake soll erauskommen, ass scho méi laang gewosst. Elo gëtt et mam Teaser Trailer awer schonn en éischten Abléck an dem Tim Burton seng Neiverfilmung vum Klassiker.

D’Geschicht bleift déi selwecht, den Zirkusbesëtzer Max Medici huet finanziell Problemer an och den Dumbo, dee mat senge groussen Ouren éischter eng Laachnummer wéi eng Attraktioun ass, zitt kee Publikum un. De fréieren Zirkus Star Holt Farrier gëtt doropshin engagéiert an zesumme mat senge Kanner Milly an Joe entdecken si dat den Dumbo duerch seng enorm Ouere fléie kann. Esou gëtt hie schlussendlech awer zu engem richtegen Zirkusstar a gëtt fir de Pojet Dreamland engagéiert. Do muss hien dann awer feststellen dat d’Show Liewen och seng donkel Säiten huet.

Kuckt Iech hei den Trailer un!

Erzielt gëtt d’Geschicht mat enger héichkaräteger Besetzung wéi dem Danny DeVito, Colin Farrel, Micheal Keaton an Eva Green. De 4. Abrëll 2019 soll de Familljefilm an de Kino kommen.