Kino NewsAladdin: Teaser online

Am Mee 2019 kënnt den Disney Remake vum Aladdin an de Kino.

Leschten Update: 12.10.2018, 15:13:14

© Aladdin Screenshot Youtube

Den Disney Klassiker aus dem Joer 1992 gëtt nei verfilmt. D'Roll vum Aladdin verkierpert de Mena Massoud, bekannt aus dem Film Open Heart. D'Power Rangers Actrice Naomi Scott, spillt d' Prinzessin Yasmine vun Agrabah. De mëttlerweil verstuerwenen Acteur Robin Williams hat am Original den Dschinni synchroniséiert, elo am Remake, verkierpert de Will Smith de Geescht aus der berühmter "Wunderlampe".

D'Geschicht bleift déi nämmlecht wéi an den der Comicversioun. Den Aladdin fënnt an enger Höhl déi verzaubert "Wunderlampe" an där den Dschinni lieft an him dräi Wënsch erfëllt. Den Aladdin bekämpft zesumme mam Dschinni de Grousswesir Jafar an eruewert d'Häerz vun der Prinzessin Yasmine.

De Film soll viraussiichtlech Enn Mee 2019 an de Kino kommen.