Kino NewsBreaking Bad Film

Breaking Bad ass eriwwer? Nach laang net!

Leschten Update: 13.11.2018, 14:02:14

© Youtube

Breaking Bad ass eng Serie, déi Fans weltwäit begeeschtert huet. Vun 2008 bis 2013 sinn 62. Episoden a 5. Staffelen erauskomm.

Kuerz a knapp geet em en de Walter White. E Chimie-Proff, deen u Longekriibs erkrankt ass an zum Kriminelle gëtt.
Verkierpert gëtt de Personnage vum Bryan Cranston, dee fir seng Roll ënnert anerem 4 Emmy-Awards gewonnen huet.

Zanter 2015 leeft d'Serie Better Call Saul, déi als Prequel zu Breaking Bad déngt an d'Virgeschicht erzielt.

Wéi de Bryan Cranston elo selwer confirméiert huet, kënnt an Zukunft e Film eraus, deen un d'Serie uknäppe soll.

Zentral Figur soll de Jesse Pinkmann sinn. Dësen huet jo an der Serie mam Walter White zesummegeschafft.
Seng Zukunft ass zum Schluss jo nach ongekläert gewiescht.
Ob de Walter White am Film Greenbrier wäert mat dobäi sinn, ass net gewosst. Fans vun der Serie kënnen sech de Grond denken...

Um Film schafft de Vince Gilligan, deen och scho fir d'Original-Serie responsabel war.

Weider Detailer ginn et bis elo nach keng.