Kino NewsPOKÉMON Detective Pikachu

POKÉMON Detective Pikachu huet endlech säin éischten Trailer...

Leschten Update: 13.11.2018, 14:43:44

© Youtube

Jidderee vun eis kennt Pokémon. Op um Game Boy, op der Telé, mat Kaarten am Schoulhaff oder duerch Pokémon Go, déi meeschte vun eis hate scho mat hinnen ze dinn.

1996 huet den Hype aus Japan ugefaangen. An de leschten 22 Joer ass e ganze Franchise entstanen, och mat deem engen oder anere Kinofilm.

Déi ware bis elo meeschtens réng Animatiounsfilmer, déi nom selwechte Schema opgebaut waren.

Detective Pikachu soll elo eng ganz nei Richtung aschloen. Et soll en CGI Live-Action Film ginn an där de Pikachu och d'Roll vun engem Detective verkierpert. Klengt ufanks éischter ongewéinlech...

D'Stëmm kënnt dobäi vum Ryan Reynolds an och den Justice Smith ass mat dobäi.

Erënnere soll de Film un Guardians Of The Galaxy an och Starsky & Hutch.


D'Iddi zum Film ass schonn am Joer 2016 entstanen. An wärend de leschten 2 Joer gouf lénks a riets kritiséiert. De Pikachu als Detective wier als Iddi einfach nëmme lächerlech. Och wier en CGI Live-Action Film de falsche Wee fir Pokemon.
Nom Trailer ass et bei de Kritiker awer relativ roueg ginn. D'Stëmmen si positiv, op der enger Säit wéinst dem Syncron-Spriecher Ryan Reynolds a virun allem well de Pikachu, si mir ganz éierlech, einfach nëmme knuffeg ass.

Den 10. Mee 2019 soll de Film an de Kino kommen.

Kuckt hei den éischten Trailer: