Kino NewsThe Lion King

Nom "Tarzan" an "The Jungle Book" gëtt elo och endlech "The Lion King" nei verfilmt...

Leschten Update: 23.11.2018, 10:31:37

© Screenshot Youtube

D'Waarden huet en Enn. Endlech huet den Jon Favreau, deen och schonn "The Jungle Book" verfilmt huet, sech elo och un den Disney-Klassiker "The Lion King" gewot an dëse verfilmt. D'nächst Joer kann een et sech erëm eng Kéier am Kinossall gemittlech maachen a genéissen, wéi den Herrscher Mufasa voller Stolz säin neie Bouf Simba presentéiert. An der Originalversioun vun "The Lion King" sinn natierlech och erëm sämtlech Staren zesumme komm, déi d'Stëmme synchroniséieren. De Simba gëtt zum Beispill vum Donald Glover gespillt wärend den James Earl Jones, bekannt als Darth Vader d'Roll vum Papp Mufasa iwwerhëlt. Déi zwee bekannt Kollegen Timon a Pumba gi gespillt vum Billy Eichner an dem Seth Rogan an d'Nala kritt seng Stëmm vun der Sängerin Beyoncé.

De Film wäert am Juli 2019 an de Kino kommen.