Kino NewsThe Front Runner

Den éischten Trailer fir den "The Front Runner" ass eraus

Leschten Update: 27.11.2018, 15:39:00

© Youtube

De Film verfollegt d'Héichten an d'Déifte vum Gary Hart, deen en Hoffnungsträger fir déi jonk Wieler war an 1988 schonn als Spëtzekandidat fir d'Demokrate bei der Presidentschaftswahl ugetrueden ass. No deems hien eng Affär mam Donna Rice hat, ass seng ganz Campagne an d'Schwanke geroden an den Hart war gezwongen aus dem Walkampf ëm d'Presidentschaft auszetrieden. Dës Entscheedung hat extrem negativ Auswierkungen op d'US-Politik.

Den Hugh Jackman spillt d'Haaptroll am Film a vergréissert seng Chancen op en Oscar.

De Film leeft Mëtt Januar an den däitsche Kinoen.

Kuckt Iech hei den Trailer un: