Kino NewsAfter Passion

Fifty Shades of Grey emol anescht...

Leschten Update: 27.11.2018, 15:36:07

© Youtube

Am Mëttelpunkt vun "After Passion" steet d'Tessa Young dat grad säi Studium ufänkt. D'Liewe vum Meedchen ännert sech relativ séier, wéi hat sech an de mysteriéisen Hardin Scott verléift. Obwuel jiddereen hat virun him warnt, entwéckelt sech eng erotesch Bezéiung tëscht béiden Teenager.

An Däitschland waren déi 4 "After"-Romaner vum Anna Todd riseg Hits a stoungen alleguer un der Spëtz vun de Bestsellerlëschten.

Am Abrëll 2019 leeft den "After Passion" an den däitsche Kinoen an et dierf ee gespaant sinn, op de Film genee esou aschléit wéi d'Bicher.

Kuckt Iech hei den Trailer un: