Kino NewsRobin Hood

Den 28. November leeft zu Lëtzebuerg de neien Robin Hood un...

Leschten Update: 27.11.2018, 13:03:00

© Youtube

Et ass eng Geschicht, déi Jidderee kennt an déi och schonn e puer Mol verfilmt gouf. Déi bekanntste Versioun ass mam Kevin Costner aus dem Joer 1991.

Et geet ëm en Held am Mëttelalter, deen sech an der Stad Nottingham fir sozial Gerechtegkeet asetzt..

Am neien Deel gëtt d’Roll vum Robin Hood vum Taron Egerton verkierpert.
An dësen huet erkläert, dass een sech bewosst fir eng modern Adaptatioun entscheet huet. Et wéilt een sech vun den anere Versiounen distanzéieren an éischter eng Virgeschicht erzielen. Am neien Deel gëtt de nach jonken, deels naiven a virun allem verletzleche Robin Hood gewisen, dee lues a lues zu deem Held gëtt, dee mir kennen.

Couragéis, allerdéngs fält de Film beim Public an de Kritiker komplett duerch. 

Kuckt hei den Trailer: