Kino NewsRekord fir de Superjhemp

De Superjhemp Retörns huet e nationale Rekord gebrach!

Leschten Update: 04.12.2018, 14:49:21

© Eldoradio

De 24. Oktober ass d’Lëtzebuerger Produktioun De Superjhemp Retörns vum Regisseur Felix Koch an de Kino komm.

5 Woche méi spéit steet fest : Et ass den erfollegräichste Lëtzebuerger Film vun allen Zäiten.
Iwwer 43.000 Leit waren sech de Superheld bis haut an de Kino ukucken.

Wéi de Felix Koch gesot huet, wollt hien de Leit mat dësem Film virun allem eng Freed maachen. An dat ass him wéi et schéngt gelongen.