Kino NewsHunger Games Fortsetzung?

De Produzente no, wier am Hunger-Games-Universum nach genuch Spillraum...

Leschten Update: 04.12.2018, 14:56:30

Tëscht 2008 an 2010 huet d’Schrëftstellerin Suzanne Collins d’Romaner The Hunger Games op de Marché bruecht.
Bicher, déi tëscht 2012 an 2015 mam Jennifer Lawrence an der Haaptroll verfilmt goufen.
Iwwer 1,5 Milliarden Dollar huet de Franchise bis haut agespillt a wéi et schéngt, kéint et eventuell mat der Geschicht weidergoen. 

De Problem : D'Geschicht op där d'Filmer baséieren, ass eriwwer. D'Schrëfstellerin plangt weder eng Fortsetzung, nach ginn et aner Erzielungen déi an der Welt Panem spillen.

Et wier awer net fir déi éischte Kéier, dass eng Produktiounsfirma selwer nei Geschichten erfënnt, sief dat a Form vu Prequels, Sequels oder Spinoffs.

Ob dat bei de Fans gutt ukënnt, ass eng ganz aner Fro.