Kino NewsGodzilla: King Of The Monsters

De Godzilla kënnt zréck an de Kino, allerdéngs net eleng...

Leschten Update: 11.12.2018, 14:20:03

© Youtube

4 Joer nom leschten Deel kënnt den 29. Mee 2019 Godzilla 2 – King Of The Monsters an de Kino.

Hei ass et net just de Godzilla, deen sech aus dem Mier erhieft, ma och 3 aner gottähnlech Titanen: De Mothra, de Rodan an de King Ghidorah.

Dës Titanen, vun deenen een ëmmer gemengt hat, se wiere just Mythen, kämpfen am Film ëm d’Virherrschaft.
An tëscht hinnen, déi ganz Mënschheet, déi um hir Existenz muss fäerten.