Kino NewsNews zu Fantastic Beasts 3

Gutt Nouvellen fir d'Fans vum J.K. Rowling...

Leschten Update: 18.12.2018, 13:10:30

© Youtube

De 14. November ass Fantastic Beasts – The Crimes Of Grindelwald an de Kino komm.

Vill Fans si bis haut virun allem wéinst dem oppene Schluss frustréiert.
Ma d’Schrëftstellerin J.K Rowling huet elo op Twitter matgedeelt, dass den drëtten Deel virun allem Eppes liwwer wäert: Äntwerten

D'Dréibuch zum drëtten Deel wier scho fäerdeg a wat bis elo gewosst ass, d'Fortsetzung soll sech och erëm ronderëm den Album Dumbledore dréinen.

Am November 2020 kënnt de neie Fantastic Beasts an de Kino.