Kino NewsBumblebee

No den Explosiounsorgien probéiert Bumblebee eng aner Séit vun den Transformers ze weisen. Ass et dem Film gelonge vun der aler Formel fortzekommmen?

Leschten Update: 18.12.2018, 13:15:08

© Paramount Pictures

D’Transformers Franchise ass no de 5 Filmer déi zënter 2007 erauskoumen net onbedéngt fir Substanz an Déifgang bekannt. Dowéinst ware mir gespaant dorop Bumblebee ze gesinn, an der Hoffnung dass e bësse méi hannert de grousse Roboter stieche kann wéi nëmmen Explosiounen.

An mir musse soen, mir goufe positiv iwwerrascht. Ënnert engem néie Regisseur konnt Bumblebee mat enger frëscher Approche an enger Grëtz Nostalgie iwwerzeegen. Amplaz vun enger Offolleg vun oniwwersiichtlecher Action liwwert Bumblebee nämlech eng flott Story mat sympathesche Charakteren.

D’Charlie Watson, déi mënschlech Protagonistin am Film, feiert seng 18 Joer domadder, sech ee Beetle ze kafen a fënnt schnell eraus, dass et méi wéi nëmmen en Auto ass. Esou léiert hat de Bumblebee kennen, deen als éischten Transformer an Autobot op der Äerd gelant ass.




Mat där Prämisse fänkt eng Story iwwer Frëndschaft mat engem Alien an d’Erwuesseginn un. D’Kombinatioun vun engem wuertwiertlech weltfriemem Alien an engem Kand / Teenager féiert zu enger Geschicht mat vill Humor a Charme. Wiem déi Geschicht elo iergendwéi bekannt fir kennt, deen ass net verkéiert. Bumblebee zitt storyméisseg eng Réi Parallelle mat Klassiker wéi E.T. oder The Iron Giant. De Film ass qualitativ net op der selwechter Héicht wéi déi 2 genannte Filmer, mee en iwwerzeegt mat ähnleche Stäerkten.

Ganz niewebäi... d’Action Szene sinn hei gutt gemaach an net nëmmen eng Iwwerdosis un Explosiounen.

Wien also eng kleng Feel-Good Story mat engem léiwe Roboter wëll, ka sech Bumblebee roueg gënnen.