Am November 2019"Last Christmas" als Kinofilm?

D'Emilia Clarke an den Henry Golding spillen d'Haprtollen an der Verfilmung vum Wham!-Klassiker "Last Christmas"!

Leschten Update: 21.12.2018, 17:59:35

© Valerie MACON / AFP

Wéi d'Online-Video-Portal "Entertainment Tonight" schreift, soll de Song "Last Christmas" als Virlag fir de Film déngen. D'Emilia Clarke, bekannt aus Game of Thrones, an den Henry Golding (A Simple Favor) spillen d'Haaptrollen.

D'Story ass séier erzielt: Et ass eng Lovestory, déi sech zu London ofspillt.

Fir d'Dréibuch sinn d' Emma Thompson an hire Mann Greg Wise responsabel. Weider Detailer si bis elo nach net bekannt.